NewsEiseplacke falen op en Auto: Kand liicht blesséiert

Bei engem Accident sinn Eiseplacke vun engem Bagger op en Daach vun engem Auto gefall.

Leschten Update: 21.08.2019, 17:37:13

© Police

Um Boulevard Kaltreis zu Bouneweg mellt d’Police dëse Mëttwoch um 8h20 een Accident tëscht engem Bagger an engem Auto. E Bagger war op der Strooss ënnerwee, wéi een Auto entgéintkomm ass. De Baggerfuerer, deen Eiseplacken transportéiert huet, hat säi Gefier ofgebremst. Dobäi hunn d’Placke sech selbstänneg gemaach an sinn op den Daach vum Auto gefall.

Ee kléngt Kand am Auto gouf liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

© Police