NewsAarbechter zu Hamm liewensgeféierlech blesséiert

D'Police mellt e schwéiert Aarbechtsaccident an der Rue John L. Macadam zu Hamm. En Aarbechter ass e Mëttwoch an eng Maschinn geroden.

Leschten Update: 21.08.2019, 18:55:50

© Eldoradio

Um Terrain vun enger Baufirma zu Hamm gouf e Mëttwoch de Moien en Aarbechter liewensgeféierlech blesséiert. Wéi d'Police schreift war de Mann beim Schaffe mam ënneschte Kierper an eng Maschinn, déi Steng kleng muelt, geroden a gouf dobäi liewensgeféierlech um Been verwonnt.

De Mann ass nach op der Plaz traitéiert ginn a koum duerno an d'Spidol.

D'ITM, eng spezialiséiert Unitéit vun der Police (SRPS) wéi d'Spuresécherung waren op der Plaz.