NewsKäerjenger Krisenzenter + Helpline goufen agestallt

Nom schwéieren Tornado viru bal 2 Wochen am Süde vum Land gouf de Käerjenger Krisenzenter an d'Helpline e Mëttwoch ofgehuewen.

Leschten Update: 21.08.2019, 17:41:19

© Eldoradio

De Käerjenger Krisenzenter an d'Helpline, déi den 9. August installéiert goufen, sinn dëse Mëttwoch géint 17 Auer opgehuewe ginn. Wéi d'Käerjenger Gemeng an engem Communiqué matgedeelt huet, funktionnéieren d'Servicer vun der Gemeng nees an hirem normale Rhythmus an ginn erëm hiren eigentleche Missiounen no.

Donieft goufen och déi speziell Raumaktioune vun de Gemengen a Bëschaarbechter laanscht Stroossen agestallt. Wéi et weider heescht, bleiwen de Käerjenger Treff wéi d'Fussballsterrainen an d'Handballshal aus Sécherheetsgrënn gespaart.

Nom Tornado virun zwou Wochen gouf de Krisenzenter mat Helpline vun der Gemeng ageriicht.

PDF / Hei de Communiqué mam kompletten Detail