NewsDéidlecht Accident tëscht Gréiwemaacher-Uewerdonwen

E Mëttwochowend ass en 58-järege Mann mat sengem Auto tëscht Gréiwemaacher an Uewerdonwen vun der Strooss ofkomm. Hien huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 21.08.2019, 23:17:12

© Police

Den automateschen Noutruff-System vun engem Auto huet e Mëttwoch géint 19.20 en Alarm ausgeléist. Mat Hëllef vun de Koordinate sinn d'Rettungsdéngschter, d'Pompjeeën an d'Police op d'Plaz gefuer. Wéi d'Police schreift, war dëst bei engem klenge Bësch an der Géigend vun engem Feld laanscht den CR143.

De Spuren no ass de Chauffer aus nach ongekläerter Ursaach op der Streck tëscht Gréiwemaacher an Uewerdonwen vun der Strooss ofkomm an huet Richtung Feld gesteiert. No e puer honnert Meter koum de staark beschiedegten Auto bei engem Stéck Bësch un d'Stoen, esou d'Police weider.

De Chauffer, en 58-järege Lëtzebuerger, ass nach op der Plaz gestuerwen. De Parquet gouf informéiert an huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt. Et ass eng Autopsie ugefrot ginn.

© Police