NewsWHO: Mikroplastik am Waasser ass keng Gefor fir de Mënsch

Fir d'Weltgesondheetsorganisatioun stellt Mikroplastik am Drénkwaasser de Moment keng Gesondheetsgefor fir de Mënsch duer.

Leschten Update: 22.08.2019, 07:46:46

© Eldo

An engem rezente Rapport warnt d'WHO awer virun de méigleche Risken an der Zukunft. Sollt d'Waasser weider an deem Tempo wéi bis ewell mat Plastik verknascht ginn, dann hätt dëst laangfristeg Konsequenze fir d'Waasser-Ökosystemer.
An dat hätt dann Auswierkungen op d'Gesondheet vum Mënsch.

Weider huet d'Organisatioun méi a besser Analysen zum Thema gefuerdert, deenen hir Resultater matenee vergläichbar wieren.