NewsVill Stau op der A1 wéinst verspéitem Chantier

Well den Nuetschantier op der A1 net mat Zäite fäerdeg gi war, hat et um fréien Donneschdeg de Mueren nawell ferm zeréckgestaut.

Leschten Update: 22.08.2019, 07:43:01

© Screenshot CITA

U sech sollt den Nuetschantier op der A1 a Richtung Tréier am Tunnel Cents ëm 5.30 Auer fäerdeg sinn, dat hat awer net geklappt. Béid Spure waren op där Plaz gespaart an d'Deviatioun ass iwwer den Irgäertchen, de Findel an dunn erëm op d'A1 gaangen.

Wéinst der Verspéidung an dem Beruffstrafic hat et dunn awer séier ugefaange mat Stauen, dat deelweis bis op d'Gaasperecher Kräiz an eriwwer op d'A3 an d'A4. Kuerz no 6.00 Auer huet de Stau dunn ugefaangen sech opzeléisen.

© Screenshot CITA


D'Ponts et Chaussées hate jo am Virfeld schonn d'Entretiensaarbechten an den Tunnellen uechter d'Land ugekënnegt.