NewsAn der Moyenne ginn d'Stéit 1.260 € fir Bensin aus

Wéi de Statec schreift, ginn d'Stéit hei zu Lëtzebuerg an der Moyenne all Joer 1.260 € fir Bensin aus.

Leschten Update: 22.08.2019, 13:54:40

© eldo

An der Moyenne hunn d’Stéit hei zu Lëtzebuerg am Joer 2017 1.260 Euro fir Bensin ausginn, 420 Euro fir Masutt an 100 Euro fir den ëffentlechen Transport. Dat deelt de Statec an engem Communiqué mat. Dass d’Bensinskäschten héich sinn, géing gréisstendeels doru leien, dass 86% vun de Stéit op d'mannst een Auto hunn.

Net iwwerraschend ass och d’Informatioun, dass d’Bensinskäschten méi héich si bei Stéit, déi wäit aus dem Zentrum ewech wunnen.

Communiqué Statec