NewsGreenpeace verklot Atomzentrale-Bedreiwer EDF

Greenpeace Frankräich mécht eng Plainte géint EDF, well d'Sécherheetsmesuren an den Atomzentralen net adaptéiert goufen.

Leschten Update: 22.08.2019, 13:07:14

© eldo

Greenpeace Frankräich mécht eng Plainte géint EDF, de Bedreiwer vun den Atomzentralen a Frankräich. No der Atom-Katastroph zu Fukushima hat  di franséisch Autoritéit fir nuklear Sécherheet gefuerdert dass weider Diesel-Generatoren an den Atomzentralen installéiert ginn. Dat ass awer an deen meeschten Zentralen, wéi och Cattenom, nach net geschitt.

D'Generatoren solle bei enger Naturkatastroph de Fonctionnement vum Atomkraaftwierk assuréieren.