NewsForbes: Den Dwayne Johnson verdéngt am meeschten

Beim Dwayne Johnson leeft momentan alles ronn: Den Acteur huet sech grad bestuet an d'Akommes stëmmt och. De Magasinne „Forbes“ weess et genee.

Leschten Update: 22.08.2019, 15:13:36

© Robyn Beck / AFP

Den Dwayne Johnson ass dee bescht bezueltste Schauspiller vun der Welt. De "Fast and Furious"-Star konnt sech dem Forbes-Magasinne no mat 89,4 Milliounen Dollar bannent 12 Méint fir d’zweete Kéier no 2016 un der Spëtzt klasséieren. Op d'Plazen 2 an 3 kommen den australeschen Acteur Chris Hemsworth an säin amerikanesche Kollege Robert Downey Jr.

Di 10 bescht bezueltste Schauspiller 2018

Dwayne Johnson – 89.4 Mio Dollar
Chris Hemsworth – 76.4
Robert Downey Jr – 66
Akshay Kumar – 65
Jackie Chan – 58
Bradley Cooper – 57
Adam Sandler – 57
Chris Evans – 43
Paul Rudd – 41
Will Smith – 35m