NewsVitesslimitt op der Autobunn gëllt och fir Elektroautoen

Bei héijen Ozonwäerter ass den Tempolimitt op den Autobunnen am Summer op 90km/h limitéiert. Des Limitatioun gëllt och fir Elektroautoen

Leschten Update: 22.08.2019, 17:50:18

© eldo archiv

Bei Ozonwäerter vun iwwer 160 Mikrogramm ass den Tempolimitt op den Autobunnen am Summer op 90km/h limitéiert. Wéi den Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro äntwert, gëllt des Limitatioun och fir Elektroautoen. Verschidde Vitesslimitatiounen géingen nämlech eng ganz Rei vu Sécherheetsproblemer mat sech bréngen. 

Ausserdeem wier d’Kontroll vu sou enger Reglementatioun bal onméiglech, well d’Beamten all Auto missten unhalen a kucken a wéi eng Kategorie e fält.

De Minister weist och drop hin, dass d’Loftqualitéit vrun allem duerch schiedleche Bremsstëbs an Gummiofriff ofhëlt, wat op all Zorte vu Gefierer zréck ze féieren ass.