NewsPersonalpolitik vum Haff gëtt iwwerpréift

Wéi et op Reporter.lu heescht, soll de groussherzoglechen Haff vun der Regierung iwwerpréift ginn. Konkret geet et ëm de Personal-Management.

Leschten Update: 22.08.2019, 15:24:26

© Ludovic MARIN / POOL / AFP

D'Personal-Politik vum grouss-herzoglechen Haff soll vun der Regierung iwwerpréift ginn, dat well et an de leschte Jore vill Changementer a Punkto Personal ginn ass.

Wéi d'Online-Plattform Reporter schreift, huet de Premier Xavier Bettel e Sonder-Beoptraagten ernannt, deen dës Iwwerpréiwung duerchféiere soll. Dëse soll dem Premier reegelméisseg e Rapport maachen. Domat wëll d'Regierung méi Kontroll iwwert de Management vum Personal duerch den Haff kréien.

Och d'Aart a Weis, wéi Leit agestallt ginn, gëtt duerchliicht, zemools vun deene Leit, déi direkt duerch Steiergelder bezuelt ginn. Reporter no hunn zënter 2015 méi wéi 30 Persounen den Haff verlooss.