NewsVerkéierskontrolle mat Hëllef vun Dronen?

An Zukunft kéinte Policekontrolle mat Hëllef vun Drone gemaach ginn. Dem zoustännege Minister no géif aktuell e entspriechend Konzept gepréift ginn.

Leschten Update: 22.08.2019, 22:39:13

© Pexels

D'Police ass am Besëtz vun Dronen, déi aktuell majoritär vun der Police judiciaire benotzt ginn, also net fir d'Iwwerwaachung am Stroosseverkéier. Dat geet aus enger parlamentarescher Äntwert vum Minister fir bannescht Sécherheet François Bausch en Donneschdeg ervir.

Et géif de Moment awer un engem Konzept geschafft ginn, fir d'Verkéierskontrolle mat Hëllef vun Dronen duerchzeféieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet Beispiller aus dem Ausland, wéi Spuenien oder Frankräich genannt.

Hei zu Lëtzebuerg kéinten Dronen hëllefen, schëlleg Chaufferen ze identifizéieren an ze bestrofen. Am Verkéier kéinten se agesat ginn, fir d'Anhale vun der Rettungsgaass oder de Sécherheetsofstand ze kontrolléieren. Duerno muss awer och de legale Kader wéi de Budget gekuckt ginn, esou de Minister.