NewsDéi Jonk hunn e Freideg op der Fouer demonstréiert

Youth For Climate Luxembourg hate fir d'Ouverture vun der Fouer e Freideg eng Demonstratioun geplangt.

Leschten Update: 24.08.2019, 00:20:53

© Eldoradio

Am Kader vun de schlëmme Bëschbränn am Amazonasgebitt schléisst sech d'Jugendorganisatioun Youth For Climate Luxembourg de weltwäiten Demonstratiounen e Freideg un. Fir d'Ouverture vun der Fouer um 17 Auer hat d'Organisatioun um Glacis demonstréieren.

Wéi et am Communiqué heescht, huet een dës Plaz gewielt, well een hei am meeschten Opmierksamkeet géif kréien a well et kee brasilianesche Konsulat zu Lëtzebuerg gëtt, esou Youth For Climate Luxembourg. Op Facebook gouf en Event kreéiert. Domat gouf en Opruff lancéiert, datt esou vill Leit wéi méiglech un der Demo deelhuelen.

Zënter 3 Woche brennt et a Brasilien am Amazonas. Et sinn déi schlëmmste Bëschbränn zënter Joren.

PDF / Hei den internationale Communiqué

© Eldoradio Archiv