NewsGros vun neien Elektroautoen zu Lëtzebuerg si vun Tesla

D'Zuel vun den Immatrikulatioune vun Elektroautoen zu Lëtzebuerg klëmmt lues awer sécher. Am meeschte gëtt den Tesla Model 3 ugemellt.

Leschten Update: 23.08.2019, 06:08:36

© Ezequiel BECERRA / AFP

Tëscht Januar a Juni goufen dëst Joer am ganzen 549 Elektroautoen zu Lëtzebuerg ugemellt, dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Yves Cruchten.

Dës sinn an 21 Modeller vun 13 Constructeuren opgedeelt. Net iwwerraschend ass et den Hiersteller Tesla mam Model 3, deen d'Nues hei däitlech vir huet, dat mat 214 Immatrikulatiounen. Duerno kommen de Model Zoe vu Renault mat 60, den Nissan Leaf mat 44 an de BMW i3 mat 34 Immatrikulatiounen.

Wéi et nach vum Minister heescht wier et awer net méiglech erauszefannen, ob dës Autoen éischter als Haapt- oder als Zweetwon géife genotzt ginn.