NewsNuetsaarbecht kéint Kriibsgefor erhéijen

Schaffen an der Nuecht ass net nëmmen haart a bréngt de Biorhythmus duercherneen. D'Nuetsaarbecht kéint och de Kriibsrisiko erhéijen.

Leschten Update: 23.08.2019, 07:43:51

© Pixabay

Reegelméisseg Nuetsaarbecht kann der Aschätzung vun enger internationaler Kommissioun vun Experte no de Kriibsrisiko wuel erhéijen. Domat huet déi international Agence fir Kriibsfuerschung (IARC) zu Lyon hir Aschätzung aus dem Joer 2007 mat Hëllef vun neien Etüden ënnermauert.

Et hätt een ageschränkten Hiweiser dorop fonnt, dass d'Nuetsaarbecht zu Tumoren an der Broscht, der Prostate an dem Daarm féiere kéint.

Ma d'Astufung géif net als Risikobewäertung gëllen.