NewsChangementer am RGTR-Reseau vum 15. September un

Wéi de Verkéiersverbond matdeelt wäerten et vum 15. September un eng Rëtsch Changementer am RGTR-Busreseau ginn.

Leschten Update: 23.08.2019, 08:54:35

© Eldo

Ënner anerem kommen esou 10 nei Linne bäi. Weider gëtt déi grenziwwerschreidend Linn 301 ausgebaut, d.h. d'Busse fuere méi dacks.

Wéinst dem Tram wäerten tëscht der Gare an der Uewerstad verschidde Linnen anescht verlafen.

An an de Gemenge Klierf, Pëtschent a Wëntger wäerten eng Rëtsch Busarrêten en neien Numm Kréien. All d'Changementer fannt dir hei!