NewsBëschbränn a Brasilien: De Jair Bolsonaro wëllt keng Hëllef

De franséische President Macron wëllt d'G7 iwwert d'Bëschbränn a Brasilien berode loossen. De brasilianesche President Bolsonaro huet eng aner Meenung.

Leschten Update: 23.08.2019, 11:43:58

© Marcos CORREA / Brazilian Presidency / AFP

Iwwerdeems di schwéier Bëschbränn am Amazonas-Gebitt ausser Kontroll sinn, suergt des Ëmweltkatastrophe fir zousätzlech diplomatesch Spannungen. Nodeems de franséische President Emanuel Macron de Sujet um G7-Sommet zu Biarritz op den Agenda setze wëllt, huet de brasilianesche President Jair Bolsonaro dem Fransous eng kolonialistesch Mentalitéit virgeworf.  De Macron hat d’Staatscheffe vun de gréissten Industrienatioune via Twitter opgeruff, d’Bëschbränn a Brasilien als éischte Punkt um G7-Sommet e Samschdeg ze diskutéieren.



Wéi de Bolsonaro a sengem Tweet äntwert, géing de Macron a sengen An probéieren, eng intern Affär vu Brasilien fir den eegene  politesche Virdeel z‘instrumentaliséieren. Dee sensatiounsgeilen Toun, mat deem hie sech op den Amazonas bezitt, géing de Problem net léisen.



Ausserdeem de Bolsonaro dem Macron virgeworf, fir säin Tweet ee falscht Bild benotzt ze hunn. Tatsächlech weist d'Foto net di aktuell Bränn, mee ass schonn ee Joer al.

Di brasilianesch Justiz huet wéinst dem Feier iwwerdeems éischt Ermëttlungen opgeholl. Am Bundesstaat Para soll gepréift gi, firwat dee vun de Baueren ugekënnegten „Dag vum Feier“ virun enger Woch net verhënnert gouf. Medieninformatiounen no hate Farmer am Südwesten vu Para des lescht an enger koordinéierter Aktioun grouss Flächen laanscht enger Landstrooss a Brand gesat, fir Plaz fir nei Agrarfächen ze schafen.

Wéinst engem méiglechen Iwwergräife vun de Bränn huet elo och d'Nopeschland Peru den nationalen Noutstand erkläert. D'Katastrophe am Amazonas ass awer kengesfalls een nationalt oder kontinentalt, mee wéinst dem Klimawandel ee globaalt Thema. Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet getwittert, hie wier "déif besuergt" iwwert d'Feier am tropesche Bësch.