NewsULC warnt viru Bedruch duerch Handwierksentreprisen

D'ULC warnt de Moment virun Handwierksentreprisen, déi Leit virun allem bei Urgencen ausnotzen an no der Aarbecht enorm Geldzomme verlaangen.

Leschten Update: 23.08.2019, 10:09:15

© Pixabay

Wéi et heescht hätt een an der Lescht dacks Reklamatioune wéinst esou Servicer kritt. Deemno géifen d'Handiwerker z.B. bei verstoppte Réier, Problemer mat engem Schlass oder enger futtisser Heizung de Problem behiewen an dann e puer honnert Euro fir hir Aarbecht froen.

Dacks géifen d'Aarbechten och immens séier a schlecht ausgefouert ginn. Wéilten d'Affer sech wieren, da géifen d'Handwierker d'Cliente ënner Drock setzen a Quittunge géifen se ongär ausstellen.

Dacks wieren dat och Entreprisen, déi am Internet wäit uewe bei de Sichresultater ugewise géife ginn a gutt ma dacks gefälschte Bewäertungen hätten.

Links