NewsUSA: Jong beim Spille vu Puma attackéiert

An den USA gouf ee Jong vun engem Puma ugegraff. D'Déier huet d'Kand an de Kapp gebass.

Leschten Update: 23.08.2019, 11:16:39

© Dragomir YANKOVIC / ATON / AFP

Een 8 Joer ale Jong gouf an den USA vun engem Puma attackéiert. Wéi d’Autoritéiten am US-Bundesstaat Colorado um Freideg matdeelen, huet d’Déier de Bouf beim Spillen am Gaart an de Kapp gebass.  D’Attack ass an der Stad Bailey südwestlech vun Denver geschitt. De Papp, dee vum Brudder alarméiert gi war, huet d’Déier verdriwwen. De Jong gouf schwéier blesséiert an d’Spidol ageliwwert.

No engem weideren Tëschefall, bei deem ee Schof als vermësst gemellt gouf, konnten d’Autoritéiten 2 Puma’en opspieren an aschléiferen. Mat enger Autopsie soll elo gekläert ginn, op et sech bei engem vun den Déieren ëm den Ugräifer handelt. Dovun ginn d’Autoritéiten aus.

Et ass schonn di 3. Attack op ee Mënsch am Colorado dëst Joer. Zanter 1990 sinn do 3 Mënschen bei Puma-Attacke gestuerwen. Am ganze goufen et zanterhier 22 sou Ugrëff.