NewsZeienopruff no Accident zu Stroossen beim Fräiheetsbam

D'Police sicht no engem Chauffer vun engem wäissen Auto, deen e Samschdeg um CR181 zu Stroossen beim Fräiheetsbam laanscht en Accident gefuer ass.

Leschten Update: 25.08.2019, 12:53:33

© Eldoradio

Zeienopruff vun der Police

Géint 18.30 Auer ass et e Samschdeg zu Stroossen um CR181 an der Géigend vum "Fräiheetsbam" zu engem Accident bei engem Vëloswee komm. 

Dobäi ass en Automobilist abrupt virun engem Vëloswee stoe bliwwen, fir e Vëlosfuerer iwwer de Vëloswee iwwer d'Strooss ze loossen. Dohannert war e wäissen Auto, deen anscheinend de Vëloswee net gesinn huet an den éischten Auto iwwerholl huet. 

Hannert dem wäissen Auto war eng aner Automobilistin, déi ze spéit gesinn huet, datt den éischten Auto nach virum Vëloswee stoung. Si ass an den Auto gerannt. Dobäi gouf si liicht blesséiert an an d'Spidol bruecht. 

De Chauffer vum wäissen Auto konnt net ermëttelt ginn. Dëse soll sech bei der Police vun Esch mellen (Telefon 244 50 4500).


Accidenter a Kontrollen um Weekend

Wéi d'Police matdeelt, koum et e Samschdeg zu zwee Autosaccidenter ënnert Alkoholafloss. Zu Bartreng an der rue de l'industrie gouf kee blesséiert, d'Automobilistin huet hire Permis awer missen ofginn. Den zweeten Accident war an der Nuecht op e Sonndeg op der N10 zu Rëmerschen. Och hei gouf kee blesséiert. De Chauffeur huet säi Führerschäin och missen ofginn. 

E Samschdeg Owend gouf zu Déierbech e weidere Führerschäi wéinst positivem Alkoholtest agezunn. Och en Automobilist zu Reckeng op der Mess huet de Permis wéinst Alkoholafloss missen ofginn.