NewsLëtzebuerg ënnerschreift Fräihandelsofkommes net

Well Brasilien sech net un d'Paräisser Klimaofkommes hält, wäert Lëtzebuerg e geplangte Fräihandelsofkommes mat de Mercosour-Staaten net ënnerschreiwen.

Leschten Update: 26.08.2019, 07:26:41

© JOHN THYS / AFP

Lëtzebuerg wäert e geplangte Fräihandelsofkommes tëscht der Europäescher Unioun an de Mercosour-Staaten, bis op Weideres net ënneschreiwen. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Sonnde Moien an engem Communiqué matgedeelt.

Als Grond nennt de Jean Asselborn, dass Brasilien d'Paräisser Klimaofkommes net respektéiere géing. Déi aktuell Feieren am Amazonas wieren eng direkt Konsequenz vum Ofholze vum Reebësch heescht et am Communiqué.

Dowéinst wäert de Jean Asselborn am nächste Regierungsrot virschloen, d'Fräihandelsofkommes net ze ënnerschreiwen, heescht et weider.