NewsFoussgänger zu Péiteng ugestouss a blesséiert

Niert dem Foussgänger mellt de CGDIS um Sonnde Nomëtten nach 3 weider Blesséierter.

Leschten Update: 26.08.2019, 03:58:43

© Eldoradio

De CGDIS mellt eng Partie Accidenter e Sonndeg. Géint 12h10 ass e Motosfuerer um CR335 bei der Rossmillen a Richtung Maulesmillen gefall an huet sech blesséiert. Um 12h15 gouf zu Péiteng an der rue Pierre Gregoire eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. E weideren Accident gouf et um 13h15 zu Mëlleref. Hei war en Auto an e Potto gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Géint 14h40 ass zu Äischer um CR326 a Richtung Wëlwerwolz e weidere Motosfuerer gefall. Och hie gouf blesséiert.