NewsIraneschen Ausseminister Sarif iwwerraschend um G7

Dem Sarif seng iwwerraschend Visitt wier duerch eng Initiativ vum franséische President Macron zustane komm.

Leschten Update: 26.08.2019, 03:58:02

© GEOFFROY VAN DER HASSELT / AFP

Den iraneschen Ausseminister Mohammed Dschawad Sarif huet e Sonnden eng iwwerraschend Visitt beim G7-Sommet zu Biarritz gemaach. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. Hien hätt sech mam franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian getraff. Dem Sarif seng Visitt wier duerch eng Initiativ vum franséische President Macron, an dësem seng Beméiungen, d'Kris ëm den iraneschen Atomprogramm ze entschäerfen, zustane komm. Vun amerikanescher Säit heescht et, dass den US-President Donald Trump sech net mam Sarif treffe wäert.