NewsD'Lag zu Hongkong eskaléiert weider

E Polizist huet fir d'éischte Kéier zënter dem Ufank vun de Protester mat schaarfer Munitioun geschoss.  

Leschten Update: 26.08.2019, 03:57:37

© PHILIP FONG / AFP

D'Situatioun bei de Protester zu Hongkong ass um Sonnden op en Neits eskaléiert. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. E Polizist hätt um Sonnde fir d'éischte Kéier zënter deem d'Protester ugefaangen hu mat senger Waff geschoss. Iwwerdeems hätt d'Police fir d'éischte Kéier Waasserwerfer géint e Grupp vun Demonstranten agesat. Dausende Mënschen hätte sech an engem Sportstadion am Bezierk Tsuen Wan versammelt. Verschiddener vun hinnen hätte Barrikaden opgebaut a Paweesteng aus dem Buedem geholl. Doropshin hätt d'Police als éischt Tréinegas an duerno Waasserwerfer agesat. Zu Hongkong demonstréieren d'Awunner zënter 3 Méint fir méi Demokratie a géint en ze grousse politeschen Afloss vu China.