News7 Doudeger bei Fligerongléck op Mallorca

Op der spuenescher Insel Mallorca gouf et e Sonndeg en déidlecht Accident tëscht engem Helikopter an engem Fliger.

Leschten Update: 26.08.2019, 07:27:04

© STRINGER / AFP

Wéi eng Porte-Parole vun der Guardia Civil confirméiert huet, si 7 Persounen ëm d'Liewen, dorënner eng 4-käppeg Famill aus Däitschland, zwee Spuenier an en Italiener.

Den Helikopter war iwwert dem Zentrum vun der spuenescher Insel mat engem klenge Fliger zesummegestouss. Doropshi si béid Maschinnen iwwert enger net bewunnter Regioun erofgefall. D'Ursaach fir d'Ongléck ass bis ewell net gewosst.

D'Regionalregierung vun de Balearen huet eng 3 Deeg laang Trauer-Period ausgeruff.