News40 Dschihadiste stierwe bei US-Attack a Syrien

A Syrien gouf et e Rakéitenugrëff op eng Versammlung vun Dschihadisten. Den amerikanesche Militär huet bestätegt, d'Attack duerchgefouert ze hunn.

Leschten Update: 01.09.2019, 10:55:18

© Omar HAJ KADOUR / AFP

Am Norde vu Syrien si 40 Mënsche bei engem Rakéitenugrëff e Samschde gestuerwen. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP a berifft sech dobäi op eng syresch ONG. Den Ugrëff hätt eng Versammlung vun Dschihadisten an der Géigend vun der Stad Idlib getraff. Neisten Informatiounen no wier d'Attack vun amerikaneschen Truppen duerchgefouert ginn. E Spriecher vum amerikanesche Militär sot, dass d'Dschihadisten, déi ugegraff goufen, fir Attacken déi d'Liewe vun amerikanesche Bierger an onschëllegen Ziviliste bedréit hätten, verantwortlech gewiescht wieren.