NewsDéidlecht Accident bei Formel 2-Course

Den 22 Joer ale Fransous Anthoine Hubert ass bei engem Accident zu Spa-Francorchamps gestuerwen.

Leschten Update: 01.09.2019, 10:55:57

© REMKO DE WAAL / ANP / AFP

Bei enger Course vun der Formel 2 zu Spa-Francorchamps an der Belsch gouf et e Samschden en déidlechen Accident. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. An der zweeter Ronn vun der Kurs ass et zu engem Accident tëscht dem franséische Chauffer Anthoine Hubert an dem amerikanesche Fuerer Juan Manuel Correa komm. De Correa ass mat 270 km/h an dem Hubert säin Auto gerannt. Den 22 Joer ale Fransous huet den Accident net iwwerlieft.