NewsBal 30 Blesséierter bei Concert vu Casper a Marteria

Bei engem Concert vu Casper a Marteria sinn Deeler vun der Bühn erofgefall. 2 Persoune goufe schwéier blesséiert.

Leschten Update: 02.09.2019, 10:40:25

© AFP

No engem heftegen Donnerwieder si bei engem Concert zu Essen vum Casper a Marteria 28 Leit blesséiert ginn, zwee vun hinne méi schwéier. E Samschdeg Owend géint 21 Auer sinn Deeler vun der Bühn duerch de staarke Reen erofgefall. Leit goufen dovunner getraff.





De Concert gouf am Ufank ënnerbrach, kuerz drop komplett ofgebrach.  

Den däitsche Wiederdéngscht hat fir 19.30 eng Wiederwarnung erausginn.

D'Police ermëttelt elo.