NewsExtremsummer mat 3 Hëtztwellen + Temperaturrekorder

Extremsummer mat Temperaturrekorder, Reendefizit an engem Tornado - dat ass de Bilan vum Summer 2019 vum staatleche Wiederdéngscht ASTA.

Leschten Update: 01.09.2019, 12:25:53

© Pixabay

Fir de Schluss vum meteorologesche Summer huet de staatleche Wiederdéngscht ASTA (Administration des Services Techniques de l'Agriculture) seng regional Wiederanalyse verëffentlecht.

Tëscht dem 1. Juni an dem 31. August si verschidde Saachen ervirzehiewen. Dëse Summer hat iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen, déi bis zu 1.6° Celsius iwwert der Moyenne leien. D'Wäerter goufe mat den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiode (1981-2010) verglach.

Enn Juni, Enn Juli an Enn August hunn dräi Hëtztwellen d'Temperaturen definéiert. 
Zu Steesel gouf en neien Temperaturrekord vun 40.8° Celsius gemooss. 

Den 9. August huet en Tornado fir grouss Schied an der Géigend vu Péiteng gesuergt. 

Generell ass de Summer gepräägt vun engem Reen-Defizit. Dëse war an der Mëtt vum Land am extreemsten. 

De 4. September wäert de Minister Roman Schneider mat de Vertrieder vum Secteur de Bilan iwwer d'Recolte 2019 zéien. 


Communiqué vun der ASTA