NewsSécher zréck an d'Schoul: Tipps vun der Sécurité routière

D'Sécurité Routière huet Recommandatioune fir d'Elteren, fir datt hir Kanner sécher op de Schoulstart virbereet ginn.

Leschten Update: 01.09.2019, 11:01:40

© Sécurité routière

D'Sécurité Routière huet Recommandatioune fir d'Elteren erausginn, domat hir Kanner sécher op de Schoulstart virbereet ginn.
D'Eltere sollen hir Kanner fréi genuch op d'Schoul an och op de Schoulwee virbereeden. 
Dozou gehéiert déi materiell Virbereedung:
  • Kleedung: Hell Kleedung erhéicht d'Siichtbarkeet an domat d'Sécherheet vun de Kanner, virun allem am Wanter. 
  • Schoulmaterial: D'Sécurité routière recommandéiert, d'Schoulsäck a -poschen mat Reflexsträifen besser siichtbar ze maachen. Zousätzlech kënne Reflekteren un der Jackett oder um Rucksak d'Siichtbarkeet vun de Kanner ëm dat 5-facht erhéijen. 
Och réit d'Sécurité routière, mat de Kanner de Wee fir an d'Schoul ze üben. Esou soll een dem Kand de sécherste Wee weisen, och wann dësen net dee kierzten ass. Et soll een de Wee puer Mol mam Kand goen an him geféierlech Plazen an dat richtegt Verhale weisen. 

Eltere kënne bei der Sécurité routière d'gratis Broschüre "Klenge Guide fir op d'Strooss" bestellen (Informatiounen am Communiqué).

PDF / Hei fannt dir d'Recommandatioune vun der Sécurité routière!