NewsAll Zorte vu gratis Plastikstuten an Island elo verbueden

Zënter dem 1. September seet Island de Plastikstuten de Kampf un. Dës dierfen néierens méi gratis zur Verfügung stoen.

Leschten Update: 01.09.2019, 10:58:21

© Eldoradio

Zënter dem 1. September seet Island de Plastikstuten de Kampf un. Dës dierfen néierens méi gratis zur Verfügung stoen. Dozou zielen och déi dënn Plastikstute fir Uebst a Geméis. 

D'Parlament vu Reykjavik hat am Mee fir dëst Gesetz gestëmmt. Déi islännesch Regierung wëllt mat dëser a weidere Moossnamen d'Benotzung vu Plastik reduzéieren.