NewsDemonstrante belageren Hongkonger Fluchhafen

En Dag no de schwéieren Ausernanersetzungen tëscht Demonstranten an der Police, hunn e Sonndeg nees Mënschen de Fluchhafen aus Protest belagert.

Leschten Update: 01.09.2019, 11:15:26

© Lillian SUWANRUMPHA / AFP

E Samschdeg koum et bei Demonstratiounen tëscht der Police an den Demonstranten zu Ausernanersetzungen. 

Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, hunn e Sonndeg Demonstranten op en Neits den internationale Fluchhafe blockéiert. Den Zuchverkéier op de Fluchhafen a vum Fluchhafen aus huet misse gestoppt ginn. Dausende vun Aktivisten hu sech op engem Parking virum Gebai versammelt. Si hunn eege Barrikaden opgebaut. D'Protester hu knapp dräi Stonne laang gedauert.