NewsOp en Neits Abréch an der Nuecht op e Sonndeg

An der Nuecht op e Sonndeg gouf zu Diddeleng, zu Mamer an zu Bruechtebaach agebrach.

Leschten Update: 01.09.2019, 12:34:38

© Eldoradio

D'Police mellt dräi Abréch an der Nuecht op e Sonndeg. Eng Kéier zu Diddeleng an der rue de la Paix, eng Kéier op der Hexeknupp zu Bruechtebaach an eng Kéier zu Mamer um Mont Royal. 

Zu Ettelbréck haten Zeie gesinn, wéi en Automobilist an d'Fassade vun engem Gebai gerannt a fortgefuer ass. Duerch d'Zeienausso konnt de Chauffeur erëmfonnt ginn. Hien huet am Ufank alles ofgestridden, allerdéngs konnt d'Police de d'Dot beweisen. 

Op der Kinnekswiss an der Stad gouf an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg e Vëlo geklaut, dee mat engem Schlass un engem Luuchtepotto fixéiert war. 

A wéinst Alkoholafloss huet d'Police an der Nuecht misste 6 Permisen anzéien.

De CGDIS mellt e puer kleng Bränn um Weekend. Op der N10 huet et am Gestrëpp gebrannt. Um Kierchbierg koum et op der Fouer géint 3.10 Auer um Sonndeg Moien zu engem klénge Feier am Stroum-Circuit. An zu Hesper huet e Sonndeg Moien eng Bamschuel gebrannt. 

Weider mellt de CGDIS en Accident op der A13 e Samschdeg Owend. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.