NewsJean-Claude Hollerich gëtt Kardinol

De lëtzebuergeschen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gëtt de 5. Oktober zum Kardinol genannt. Dat huet de Poopst Franziskus e Sonndeg matgedeelt.

Leschten Update: 01.09.2019, 16:56:23

© Eldo

De lëtzebuergeschen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gëtt Kardinol. Dat huet de Poopst Franziskus e Sonndeg a sengem Sonndesgebiet matgedeelt. De Jean-Claude Hollerich gëtt de 5. Oktober an enger offizieller Zeremonie zum Kardinol genannt. Nieft dem lëtzebuergeschen Äerzbëschof goufen nach 12 weider Kardineel annoncéiert.