News100. Feminizid vum Joer: Demonstratioun zu Paräis

Zu Paräis gouf eng Demonstratioun organiséiert fir op den honnertste Feminizid vum Joer a Frankräich opmierksam ze maachen.

Leschten Update: 01.09.2019, 19:02:40

© Pixabay

Zu Paräis gouf e Sonndeg den Owend eng Demonstratioun organiséiert fir op den honnertste Feminizid vum Joer a Frankräich opmierksam ze maachen. Jeeweils honnert Demonstrante sollten also d’Nimm vun de Fraen, déi ëmbruecht goufen, undoen. Dat huet déi feministesch Organisatioun “#NousToutes” annoncéiert. En Dënschdeg gëtt an deem Kader eng Consultatioun iwwer haislech Gewalt vun der franséischer Regierung organiséiert.