NewsMesserattack bei Lyon: Keen terroristeschen Hannergrond

Den Procureur vu Lyon huet e Sonndeg annoncéiert datt d'Messerattack vu Villeurbanne keen terroristeschen Hannergrond huet.

Leschten Update: 01.09.2019, 18:27:44

© PHILIPPE DESMAZES / AFP

No der Messerattack an der franséischer Stad Villeurbanne gëtt elo en terroristeschen Hannergrond ausgeschloss. Dat huet de Procureur vu Lyon e Sonndeg annoncéiert. Den Täter hätt de Poliziste gesot datt hie Stëmmen héieren hätt déi hien zu senger Dot gezwongen hunn. No enger éischter psychiatrescher Evaluatioun huet sech erausgestallt datt den Afghan ënner anerem ënner Paranoia leit.  Een 19-järegen huet dës Attack net iwwerlieft an 8 weider Persoune goufe blesséiert.