NewsRentrée am britesche Parlament kuerz virun Zwangspaus

Den Dënschdeg fänken d'Deputéiert am britesche Parlament hir Aarbecht erëm un. Ma et ginn sech direkt massiv Ausernanersetzungen erwaart.

Leschten Update: 02.09.2019, 12:42:22

© Handout / AFP / PRU

Kuerz ier dat britescht Parlament aus der Summerpaus zeréckkënnt huet de Premier Boris Johnson en Treffe mat Brexit-Géigner aus den eegene Reien ofgesot. Wann d'Parlament den Dënschdeg fir eng éischte Kéier erëm zesummekënnt gëtt iwwerdeems mat enger grousser Ausernanersetzung gerechent.

Während den Johnson jo prett schéngt säi Land am Noutfall och ouni Ofkommes aus der EU ze féiere plangt d'Oppositioun e Gesetz, dat grad dëst soll verhënneren.

Dofir bleift awer net vill Zäit, well de Premier d'Parlament schonn d'nächst Woch erëm an eng Zwangspaus wëllt schécken.