NewsKoppel an der Stad menacéiert an iwwerfall

De Sonndeg den Owend géint 19.30 Auer gouf an der Stad eng Koppel vun 3 Jugendleche menacéiert an du beklaut.

Leschten Update: 02.09.2019, 15:08:32

© Eldoradio

Déi Jugendlech ware schonn am Zuch vun Esch/Belval bis an d'Stad negativ opgefall, an engem Bus vun der Linn 9 huet dunn ee vun hinnen d'Koppel ugeschwat an de Mann opgefuerdert, seng Täschen eidel ze maachen. Deen huet dem Täter säin Handy a seng Kopfhörer ginn, während déi hie weider menacéiert hunn.

An der Uewerstad gouf d'Affer du gezwongen eng gréisser Zomm Suen op engem Bankomat ofzehiewen, ier déi Jugendlech sech a Richtung Boulevard Royal duerch d'Bascht gemaach hunn.

An deem Sënn sicht d'Police och no Zeien.

Ee vun den Täter war en dënne jonke Mann vun nordafrikaneschem Typ mat heller Hautfaarf, dee ronn 1,65 Meter grouss ass.
Deen zweete war vu schwaarzer Hautfaarf, hien hat e groe Pullover vun der Mark Kenzo an en orange Sonnebrëll un.
An deen drëtte war och vu schwaarzer Hautfaarf, seng Hoer waren un de Spëtzte rout gefierft an un de Säite raséiert.

D'Hiweiser si fir d'Police vun der Stad ënnert dem Tel.: 244404500.