News13 weider Affer no Schëffsongléck viru Kalifornien gebuergen

No der Brandkatastroph op engem Schëff virun der Küst vu Kalifornien hunn d'Sichekippen 13 weider Läichen entdeckt.

Leschten Update: 05.09.2019, 06:44:51

© Screenshot Twitter VCFD PIO

Dës goufen der Geriichtsmedezin fir DNA-Tester iwwerginn, esou d'Police vu Santa Barbara. Domat klëmmt d'Zuel vun den Doudegen op zesummen 33, eng Persoun gëtt weider vermësst. D'Schëff mam Numm "Conception" war de Méindeg de Mueren eng 20 Meter virun der Insel Santa Cruz a Brand geroden. Wéi et zur Katastroph konnt kommen ass bis ewell nach net gewosst.

E Groussdeel vun de Passagéier hat ënner Deck geschlof, wéi d'Feier ausgebrach ass.
Déi 5 Iwwerliewend konnten an d'Waasser sprangen, et soll sech bei hinnen ëm d'Crew handelen, déi zum Moment vum Brand un Deck war.