NewsAusernanersetzung tëscht Männer zu Hollerech eskaléiert

E Sonndeg sinn zwou Gruppe vu jeeweils 3 Männer zu Hollerech unenee geroden. De Sträit ass eskaléiert.

Leschten Update: 02.09.2019, 19:09:55

© Eldoradio Archiv

Op der Place Saint Pierre et Paul zu Hollerech sinn e Sonndeg géint 17 Auer zwou Gruppe vu jeeweils 3 Männer unenee geroden. Wéi d'Police schreift, hate sech 3 Employéeë vun engem Restaurant vun dräi Onbekannte beleidegt gefillt, well dës mat hirem Auto e puer Mol laanscht de Restaurant gefuer sinn a rassistesch Beleidegunge geruff hunn.

Eent vun den Affer huet doropshin e Gedrénks iwwert den Auto geschott. Déi 3 sinn op der Kräizung Route d'Esch - Hollerecher Strooss eraus geklommen a béid Gruppe sinn openee lass gaangen. Ee vun den Employéeë krut eng mat der Fauscht an d'Gesiicht, en Aarbechtskolleg ass an de Restaurant gelaf a koum mat engem Messer erëm.

D'Ugräifer wollten doropshi flüchten, déi aner 3 hunn dës awer doru gehënnert. Ee vun hinnen huet mat engem Biesemsstill hannen op d'Fënster vum Auto geschloen, déi doduerch futti gaangen ass. Wéi d'Police bis op der Plaz war, koume si alleguer mat op de Policebüro fir d'Saach ze klären. Hei gouf eng Plainte gemaach.