NewsZoustand vu Justizminister Félix Braz ass weider eescht

An de leschten Deeg ass den Zoustand vum Vizepremier a Justizminister Felix Braz eescht bliwwen. Hie bleift weider op der Intensivstatioun an der Belsch.

Leschten Update: 03.09.2019, 18:46:34

© Eldoradio

De Vizepremier a Justizminister Félix Braz bleift weider op der Intensivstatioun. Wéi et vum Staatsministère weider heescht, gouf hien de Méindeg an en anert Spidol an der Belsch transferéiert fir do weider Analysen duerchzeféieren.

An de leschten Deeg wier den Zoustand vum Minister och weider eescht bliwwen. E Freideg ëm 12 Auer kënnt de Regierungsrot zesummen a wäert weider Detailer ginn.


Hei de Communiqué vum Staatsministère:

Le Vice-Premier ministre, ministre de la Justice, Félix Braz, reste hospitalisé en soins intensifs. Hier, le ministre a été transféré vers un autre hôpital en Belgique, afin de pouvoir être soumis à des examens complémentaires. 

Ces derniers jours, l’état de santé du ministre est resté grave.

Le gouvernement communiquera des informations supplémentaires relatives à cet égard quand elles seront disponibles.

Le gouvernement remercie et encourage le corps de presse à continuer à respecter la vie privée du ministre et de sa famille.