News3 nei Luxair-Destinatioune fir 2020 geplangt

Vum 3. September u kënnen 3 nei Destinatioune bei der Luxair gebucht ginn, dat op Nantes, Florenz a Montpellier. Lass geet et Enn Mäerz Ufank Abrëll 2020.

Leschten Update: 03.09.2019, 14:07:55

© Eldoradio Archiv

Vum 3. September u kënnen 3 nei Destinatioune vu Lëtzebuerg aus gebucht ginn. Enn Mäerz, Ufank Abrëll 2020 ginn d'Destinatiounen da fir eng éischte Kéier ugeflunn, dat a manner wéi zwou Stonnen.

D'Flich op Nantes, Montpellier a Florenz an erëm zeréck ginn 2 mol d'Woch geflunn.

PDF / Hei weider Informatiounen!