NewsChauffer no Accident vu Bäifuerer zerschloen

No engem Accident op der N27 war de Bäifuerer op de Chauffer lassgaangen, deen deem säi Won duerch e Schëld, eng Mauer an eng Markéierung gesteiert hat.

Leschten Update: 03.09.2019, 17:47:47

© Eldoradio

An der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg war der Police op der N27 bei Méchela e Won gemellt ginn, deen an e Stroosseschëld, eng Markéierung aus Steen an eng Mauer gerannt war.

Chauffer a Bäifuerer goufen nëmme liicht blesséiert. Ma et sollt sech erausstellen, dass verschidde Blessuren, déi de Chauffer hat net vum Accident komm sinn. De Proprietär vum Won, deen um Bäifuerersëtz souz hat de Chauffer nämlech nom Accident zerschloen. Weider Passagéier am Auto haten dee wollte berouegen, wourop hin en och op si lassgaangen ass, eng Fra war mat der Fauscht am Gesiicht getraff ginn an un der Hand blesséiert ginn.

D'Resultat war fir de Chauffer, deen sech ënnert Alkoholafloss hannert d'Steier gesat hat, e Fuerverbuet a fir de Bäifuerer eng Plainte.