NewsMann no Ugrëff op eege Fra an Untersuchungshaft

Am Stater Park an der Géigend vun der Avenue Porte-Neuve ass e Méindeg géint 10 Auer 30 e Mann gemellt ginn, deen eng Fra ugegraff huet.

Leschten Update: 03.09.2019, 15:26:37

© dpa/AFP Archiv/Hauke-Christian Dittrich

Wéi et vun der Police heescht, louch d'Fra um Buedem an de Mann huet si mat Féiss an Hänn geschloen. Éier d'Beamten op der Plaz waren, hat sech den Ugräifer duerch d'Bascht gemaach. Wéi hien awer op d'Plaz wollt zeréckkommen, hunn d'Beamten hien dorunner gehënnert.

Et sollt sech erausstellen, datt et sech ëm de Mann vun der Fra handelt. D'Koppel koum mat op de Policebüro an de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Hie sëtzt elo an Untersuchungshaft.