NewsFra kritt Portmonni geklaut a gëtt widder Mauer gestouss

An der Rue de la Libération zu Esch gouf e Méindeg géint 19 Auer 25 enger Fra de Portmonni geklaut. Den Täter ass geflücht.

Leschten Update: 03.09.2019, 18:50:04

© Eldoradio

An der Rue de la Libération zu Esch gouf en Méindeg géint 19 Auer 25 enger Fra de Portmonni geklaut. Si war mam Portmonni an der Hand ënnerwee, wéi op eemol en Onbekannten op enger schwaarzer E-Trottinett laanschtgefuer ass, hir de Portmonni aus der Hand gerappt a si widder d'Mauer gestouss huet. De Mann ass a Richtung Rue du Canal geflücht, d'Fra gouf liicht blesséiert. D'Escher Police sicht an deem Kader no Zeien an huet eng Beschreiwung vum Ugräifer erausginn:

  • Mann mat däischterer Hautfaarf,
  • laang Dreadlocks, déi an enge Päerdsschwanz zesummegebonne sinn,
  • ganz schwaarz ugedoen,
  • schwaarz Schong mat bloe Suelen ënnen un der Feescht.

All Indice ass fir d'Police vun Esch. D'Telefonsnummer ass den 244501000.

Police mellt zwee ähnlech Virfäll

An der Rue des Vergers zu Réimech gouf e Méindeg géint 17 Auer e Jugendleche vun 2 onbekannte jonke Männer ugeschwat a gefrot, ob hien hinne säin Telefon ka ginn. Grond dofir war en Noutruff, esou déi onbekannt Männer. De Jong huet hinne säin Telefon ginn, ma béid Onbekannter sinn doropshi mam Handy fortgelaf.

E Jonken gouf en Dënschdeg géint 14 Auer an der Avenue de la Porte-Neuve an der Stad vun engem Jugendleche menacéiert a beklaut. D'Affer huet dem Täter misste säin neie Rimm an e Schlëssel-Etui vun der Mark Louis Vuitton ginn - anescht wier hie geschloe ginn, esou d'Police. Den onbekannten Ugräifer soll vu wäisser Hautfaarf an 1 Meter 75 grouss ginn, huet schwaarz Hoer an hat e rosaen T-Shirt an eng schwaarz Joggingsbox un. D'Affer huet eng Plainte gemaach.