NewsPapp wollt Mont Blanc mat sengem Kand eropklammen

Um Sonndeg Virmëtteg gouf e russeschen Tourist gestoppt, wéi hie mat sengem 10 Joer ale Bouf de Mont Blanc eropklamme wollt.

Leschten Update: 08.09.2019, 19:25:45

© JEFF PACHOUD / AFP

Um Sonndeg Virmëtteg waren d’Wiederkonditiounen net ideal, trotzdeem wollt e Papp de Mont Blanc mat sengem 10 Joer ale Bouf eropklammen. Op 2’300 m Héicht hat en Ugestallte vun der Gemeng Saint-Gervais-les-Bains d’Touristen aus Russland gestoppt. 

Der Noriichtenagence AFP no hat de Papp och keng Iwwernuechtung an enger Häip reservéiert. De Buergermeeschter vun der Gemeng bedauert, datt et keng Reegelen fir biergop mat engem Kand gëtt. “Et kéint ee mat sengem Puppelchen eropklamme wann ee wéilt”, esou de Buergermeeschter

Donieft huet hien dëst op Twitter public gemaach an erënnert un en däitschen Tourist, deen de Bierg mat sengem Hond eropgeklommen ass, wou den Hond dono un de Patte Wonnen hat. An der leschter Woch hat e briteschen Tourist eng Fitness-Maschinn op de Bierg geschleeft an do stoe gelooss.

De Buergermeeschter Jean-Marc Peillex huet och un de franséische President Emmanuel Macron appelléiert, fir d’Biergwelt besser ze protegéieren.