NewsJapan: 2 Doudeger a 60 Blesséierter bei Taifun

Den Taifun "Faxai" ass mat enger Geschwindegkeet vun 216 km/h op d'Haaptstad Tokio getraff.

Leschten Update: 09.09.2019, 13:16:29

© JIJI PRESS / AFP

2 Doudeger a ronn 60 Blesséierter gouf et ewéi an der Nuecht vun e Sonnden op e Méinden den Taifun "Faxai" op déi japanesch Haaptstad Tokio getraff ass. A bal enger Millioun Stied ass de Stroum ausgefall an de Verkéier war zäitweis komplett brooch geluecht. Den Autoritéiten no wieren et Äerdrutscher an Iwwerschwemmunge ginn. Den Taifun hat eng Wandgeschwindegkeet vun 216 Kilometer an der Stonn. Der japanescher Televisiounschaînë "NHK" no wier den Taifun dee stäerksten zënter e puer Joer gewiescht.