NewsLéck: 1 Doudege bei Ugrëff op e Polizist

Ewéi 2 Polizisten e Mann um Steier vun dësem sengem Auto kontrolléiert hunn, huet dësen eng Waff gezunn an ugefaange mat schéissen.

Leschten Update: 09.09.2019, 12:01:25

© Eldoradio

E Méinde Moie gouf zu Léck an der Belsch e Polizist vun engem Mann ugegraff an dobäi schwéier blesséiert. Een anere Polizist huet doropshin op de Mann geschoss an dësen déidlech blesséiert. Den Autoritéiten no kéint een en terroristescht Motiv fir d’Dot ausschléissen. Ewéi déi d’Noriichtenagence Belga matdeelt, hätten déi 2 Polizisten de Mann wéilten um Steier vun dësem sengem Auto kontrolléieren. Bei der Kontroll hätt dëse plëtzlech eng Waff gezunn an op ee vun de Poliziste geschoss.