NewsPresuméierten Drogendealer zu Ettelbréck festgeholl

D'Police krut en Hiweis, dass e Mann zu Ettelbréck Droge géing verkafen. E Freide konnten si de Verdächtege festhuelen.

Leschten Update: 09.09.2019, 14:22:55

© Eldoradio

Wéi d’Police matdeelt gouf de Freiden zu Ettelbréck e presuméierten Drogendealer festgeholl. Der Police war deemno e Mann gemellt ginn, deen zu Ettelbréck Droge géing verkafen.

Wéi Polizisten de Mann an der Rue de l’Ecole Agricole gesinn hunn, hunn si hie kontrolléiert. Hien hat kleng Quantitéiten Heroin a Kokain bei sech.

Wéi d’Polizisten doropshin d’Wunneng vum Mann kontrolléiert hunn, hunn si ënnert anerem 20 Gramm Heroin fonnt. De Mann an eng Fra, déi d’Beamte bei dësem an der Wunneng ugetraff hunn, goufe festgeholl.