NewsMann belästegt Leit nieft Cortège zu Gréiwemaacher

De Sonndeg am fréien Nomëtteg war zu Gréiwemaacher e Mann gemellt ginn. deen do d'Leit belästege géif, déi de Cortège kucke wollten.

Leschten Update: 09.09.2019, 15:10:16

© Pixabay

Am Ufank war de Mann nach roueg, en huet awer kuerz drop erëm ugefaangen Leit ze vernennen an ze belästegen. Hie war staark alkoholiséiert a konnt sech nëmmen nach schwéier op de Been halen.

Wéinst sengem Zoustand awer och well en d'Leit net mat Rou gelooss huet, gouf hien an d'Ausniichterungszell bruecht.

Bei der Kierperkontroll goufen du 75 Gramm Amphetaminne fonnt, weider Drogen hat hie bei sech doheem leien. Dofir gouf hie festgeholl.